Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Politesch Onrouen am Iran

Am Iran sinn Enn Dezember d'lescht Joer bis Ufank Januar dëst Joer mindestens 24 Leit bei Protester ëm d'Liewe komm, a méi wéi 3.700 Demonstrante si verhaft sinn. Et sinn déi politeschst Demonstratiounen, déi den Iran a leschter Zäit erlieft huet. Och nom Atom-Ofkomme vun 2015, deen en Enn vu wirtschaftleche Sanktioune bedeite sollt, geet et der Bevëlkerung nach ëmmer net besser. D'politesch Elite geréit ëmmer méi ënner Drock, a wiert sech mat Gewalt. En innepolitesche Konflikt, deen och duerch déi onstabil Regionalpolitik beaflosst gëtt. De Claude Biver huet Hannergrënn zum Konflikt.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen