ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

L'ère du témoin

Am Kader vum Internationalen Dag vum Gedenken un d'Affer vum Holocaust, de 27. Januar, geet den Zäithistoriker Denis Scuto op dat an, wat d'Historikerin Annette Wieviorka "L'ère du témoin" genannt huet.

Rezent Emissiounen

  • Wien huet geputscht 1918-1919?

    Sou wéi a Frankräich ronderëm eng "légende républicaine" gëtt zu Lëtzebuerg de "roman national" zanter 100 Joer ronderëm eng monarchistesch Legend gestréckt.

  • Den 9. an 10. Januar 1919: Revolutiounsdeeg zu Lëtzebuerg

    Lëtzebuerg huet ufanks 1919 eng turbulent Zäit erlieft: Den 9. Januar 1919 gouf heiheem d'Republik zu Lëtzebuerg ausgeruff.

  • Eng Minoritéit vun ausgegrenzten Apatriden

    D'Nokrichsepuratioun huet an enger Biergerkrichsatmosphär stattfonnt. Fréier Kollaborateuren hunn dono nach jorelaang eng Minoritéit vun ofgegrenzten Apatridë gebilt.

  • D'Enn vum Enn vun der Geschicht

    D'Enn vum historeschen Zyklus, deen nom Fall vun der Berliner Mauer ugefaangen hat, depriméiert d'westlech Welt.

  • Aféierung vum Aachtstonnendag nom Éischte Weltkrich

    E Bléck op d'progressiv Reduzéierung vun der Aarbechtszäit an der Lëtzebuerger Gesellschaft de 14. Dezember 1918, deemno virun exakt honnert Joer.
     

  • Dat belscht Beispill

    Am Géigesaz zu Lëtzebuerg huet d'Belsch seng Gesetzgebung iwwer d'Entschiedegung vun Affer vum Zweete Weltkrich grondleeënd reforméiert.

  • 50 Joer Mouvement Ecologique

    D'Entstoe vum Mouvement écologique, am Kader vun de laange 1960er Joren vun den neie soziale Beweegungen

  • Wollef am Schofsstall

    Grad déi Leit déi während dem Krich eng wichteg Roll an den Spoliatiounen gespillt hunn, hu sech no der Befreiung ëm d'Entschiedegung gekëmmert.

  • A propos ...

    De Service Information et Presse vun der Regierung diffuséiert eng Geschicht vu Lëtzebuerg, déi d'Erkenntnisser aus der historescher Fuerschung einfach ignoréiert.

  • Honger

    Den Honger, dee wärend dem Éischte Weltkrich d'Gesellschaft gepéngegt huet, war d'Hiewan vun der Lëtzebuerger Natioun.

  • Den 10. November 1918: Revolutioun zu Lëtzebuerg?

    Firwat ass deemools eng revolutionär Beweegung zu Lëtzebuerg entstanen, a wéi eng Ziler an Auswierkungen op Politik a Gesellschaft hat dës Beweegung?

  • Vum lamentablen Zoustand vun der Geschichstschreiwung zu Lëtzebuerg

    De Rapport iwwer d'Comptes dormant seet vill aus iwwer iwwer de lamentablen Zoustand vun der Geschichtsschreiwung zu Lëtzebuerg.

  • Grënnerzäit zu Diddeleng. En neie Bléck op d'Geschicht vu Lëtzebuerg

    Mir kënnen d'Geschicht vu Lëtzebuerg just verstoen, wa mir déi national Scheiklappen ausdinn.

  • November 1956: Opstand zu Lëtzebuerg

    De 6. November 1956, während der Repressioun vum Volleksopstand an Ungarn, gouf d'sowjetesch Gesandtschaft zu Lëtzebuerg gestiermt a randaléiert.

  • Auserwielte Vollek

    Lëtzebuerg huet sech laang wéi eng kathoulesch Natioun verstanen, déi während dem Zweete Weltkrich knapp der Exterminatioun entkomm ass.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen