arrow_back_ios
Kultur
Die Schachnovelle vum Stefan Zweig
Mat enger Liesung vum Stefan Zweig senger Erzielung "Die Schachnovelle" mécht den däitsche Schauspiller Axel Milberg den Owend am Trifolion den Optakt vum Zyklus Judeum Epternacum, dee bis de Mee dauert. Den éisträicheschen Auteur huet dës Novelle kuerz viru sengem Fräidoud am Exil a Brasilien geschriwwen. De Claude Mangen mat Erklärungen iwwer dës Parabel um Hannergrond vum Zweete Weltkrich.