arrow_back_ios
Klassik aktuell
Saarbrécker Staatstheater: Der Sturm
D'Oper "Der Sturm" vum Frank Martin ass momentan am Staatstheater Saarbrécken a Virbereedung. Eng politesch Intrige ëm Verrot, wou den Zauberer sech amëscht.
Den Owend (16.1.2018) ass um hallwer siwen eng Soirée mat Prouwebesuch am Staatstheater, fir méi iwwert dës Oper gewuer ze ginn. D'Première ass de 27. Januar 2018. Detailer mam Manuel Ribeiro.