Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Morgan Gromy

Luxexpo - the box: en neie Numm, en neit Konzept, en neie Generaldirekter, de Morgan Gromy. Mat him geet Rieds iwwert Neiausriichtung vun den Ausstellungshalen um Kierchbierg. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

  • Carole Dieschbourg

    E Gespréich mat der aler an neier Ëmweltministesch tëschent hirer Vereedegung an hirer Rees op d'UNO-Klimakonferenz zu Kattowitz.

  • Corinne Cahen

    Wéi eng Ausriichtung hunn d'Familljen- an d'Integratiounspolitik am Koalitiounsaccord? Detailer mat der reconfirméierter zoustänneger Ministerin.

  • Etienne Schneider

    E Gespréich mam alen an neie Vize-Premier, ronn zwielef Stonnen nodeems den ausseruerdentlechen LSAP-Kongress dem Koalitiounsaccord zougestëmmt huet.

  • Fernand Kartheiser

    Den ADR Deputéierte kommentéiert de Koalitiounsaccord an déi zukünfteg ADR-Oppositiounsaarbecht.

  • Claude Wiseler

    De Claude Wiseler trëtt als CSV-Fraktiounschef zeréck. Wat ass seng Analys iwwer déi zukünfteg Regierung an d'CSV-Oppositioun?

  • Martina Holbach

    D'Klimapolitik am Koalitiounsaccord, nei EU-Klimaziler an den UN-Klimasommet sinn d'Themen am Gespréich mat der Aktivistin vu Greenpeace.

  • Heinrich Kreft

    Déi bilateral Relatiounen, déi regional Zesummenaarbecht an d'Roll vun Däitschland an Europa sinn Themen mam däitschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.

  • Georges Mischo

    De CSV-Buergermeeschter vun Esch an neien Deputéierten an der Chamber schwätzt iwwer seng politesch Aarbecht an d'Oppositioun vun der CSV.

  • Sven Clement

    Wat bedeit d'Allianz mat der ADR an der Chamber fir d'Piratepartei? Den Deputéierten a President vun de Piraten erkläert.

  • Mylène Bianchy

    D'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux kritiséiert d'Iddi vum gratis ëffentlechen Transport.

  • John Marshall

    E Gespréich mam briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, zwee Deeg virum EU-Sommet iwwer de Brexit-Deal.

  • Vincent Reding

    Als Éischtgewielte bei de Komplementarwahlen zu Weiler-la-Tour gëtt de 26 Joer ale CSV-Member viraussiichtlech den nächste Buergermeeschter.

  • René Schlechter

    Mam Ombudsman fir d'Rechter vum Kand geet rieds iwwer déi wichtegst Recommandatioune am ORK-Rapport 2018.

  • Pit Buchler

    200 Joer Collège médical. Mat sengem President geet Rieds iwwer d'Institutioun an iwwert d'Zukunft vun der Medezin a vum Gesondheetswiesen.

  • Dan Biancalana

    De Buergermeeschter vun Diddeleng, nei-gewielten Deputéierten, ass ee vun deene Jonken, dee bei der personeller Erneierung vun der LSAP sécher eng Roll spillt.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen