Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Morgan Gromy

Luxexpo - the box: en neie Numm, en neit Konzept, en neie Generaldirekter, de Morgan Gromy. Mat him geet Rieds iwwert Neiausriichtung vun den Ausstellungshalen um Kierchbierg. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

  • Daniela Clara Moraru

    Déi nei Presidentin vun CSV International wëllt sech virun allem fir eng méi héich Participatioun vun Net-Lëtzebuerger um politesche Liewen asetzen. 

  • Isabelle Schlesser

    D'Direktesch vun der ADEM zitt de Bilan vun 2018? Wéi eng Erausfuerderunge stelle sech déi nächst Joren? Wéi bewäert d'Verwaltung de Koalitiounsaccord?

  • Marc Angel

    Mam zweet-gewielte bei der LSAP am Zentrum kucke mir zeréck op d'Chamberwahlen an no vir op d'Europawahlen.

  • Gilles Müller

    E Gespréich mam beschten Tennisspiller, deen dëst Land jee hat, iwwer seng (elo ofgeschlosse) Carrière an dat, wat dono kënnt.

  • Fernand Etgen

    E Gespréich mam neie Chamberpresident an éischte Bierger vum Land.
     

  • François Bausch

    De grénge Minister ass wéi bis elo zoustänneg fir d'Mobilitéit, déi ëffentlech Bauten. Nei Ressorte sinn d'Verdeedegung an d'Bannescht Sécherheet.

  • Sam Tanson

    Déi nei gréng Ministerin huet an der Bettel II-Regierung Ressorte Logement a Kultur iwwerholl. Wat sinn hir Ambitiounen an deene Beräicher?

  • Xavier Bettel

    Mat wat fir engem Regierungsstil a mat wat fir engen Ambitioune wëllt de Chef vun der Zweetoplag vu blo-rout-gréng déi nächst Legislatur ugoen.

  • Marc Hansen

    Fonction publique, Relatioune mam Parlament, Digitaliséierung a Réforme administrative sinn déi nei Ressorte vum DP-Minister. Wat wëllt hie maachen?

  • Eugène Berger

    Wéi eng Handschrëft huet deen neie Koalitiounsprogramm? Ass en ëmsetzbar an ze finanzéieren? Den DP-Fraktiounspresident steet Ried an Äntwert.

  • Josée Lorsché

    Déi gréng Fraktiounscheffin iwwer hir nei Roll an déi gréng Handschrëft vum Koalitiounsaccord.

  • Charel Schmit

    Mam President vu Caritas Accueil et Solidarité geet ënner anerem rieds iwwer d'Moossname géint Wunnengslosegkeet am Koalitiounsaccord.

  • Paulette Lenert

    Mat der Ministesch fir Kooperatioun a Konsumenteschutz geet Rieds iwwer hir politesch Carrière a Prioritéite fir déi nächst fënnef Joer.

  • David Wagner

    Mam Deputéierte vun déi Lénk schwätze mir ënner anerem iwwer de Koalitiounsaccord.

  • Alex Bodry

    Vum Koalitiouns-Programm iwwer de Verfassungs-Referendum bis bei d'LSAP-Erneierung: un Theme feelt et net am Gespréich mam nach-Fraktiounschef vun de Sozialisten.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen