Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Morgan Gromy

Luxexpo - the box: en neie Numm, en neit Konzept, en neie Generaldirekter, de Morgan Gromy. Mat him geet Rieds iwwert Neiausriichtung vun den Ausstellungshalen um Kierchbierg. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

  • Laura Zuccoli

    D'Auslännerorganisatioun ASTI fuerdert vun enger neier Regierung eng proaktiv Politik fir Immigratioun an Integratioun. Dozou d'ASTI-Presidentin.

  • Michel Würth

    De President vum Patronatsverband UEL a President vun der Chambre de Commerce beliicht d'Wahlresultat an den Ausbléck op d'Koalitiounsverhandlungen.

  • Jeff Engelen

    Den ADR-Grënnungsmember a Gemengeconseiller vu Wëntger ass als Norddeputéierten an d'Chamber gewielt ginn. Fir wat wëll hien sech asetzen?

  • Paul Galles & François Benoy

    E Gespréich mat den zwee frësch gewielten Deputéierten, déi - deen ee fir d'CSV, deen anere fir déi gréng - elo schonn um Knuedler zesumme schaffen, a geschwënn also och um Krautmaart.

  • Marc Goergen

    Den neie Süddeputéierten iwwert den Iwwerraschungserfolleg vu senger Partei an d'Akzenter, déi d'Piraten an der Chamber setze wëllen.

  • Sammy Wagner (LSAP)

    Kritiker an der LSAP fuerderen eng Erneierung vun der Partei. Esou och de fréiere President vun de Jongsozialisten an LSAP-Schäffe vu Stengefort.

  • Philippe Poirier

    De Politolog vun der "Chaire de recherche en études parlementaires" vun der Uni Lëtzebuerg mécht eng Analys iwwert d'Resultater vun de Wahlen.

  • Maître François Kremer

    Mam neie Bâtonnier geet rieds iwwer d'Erausfuerderungen an iwwer d'Roll vum Conseil de l'ordre vun den Affekoten.

  • Kelly Kosel

    D'Studentenorganisatioun UNEL geheit der Regierung vir, eng Politik bedriwwen ze hunn, déi d'Jugend a Gefor bréngt, ënnert anerem bei de Stagen.  

  • Serge Legil a Caroline Lieffrig

    Mam Direkter an der Vizedirektesch vun där nei geschaffter Prisongsverwaltung geet rieds iwwer d'Prisongsreform an déi nei Ausriichtung vum Strofvollzuch.

  • Robert Mehlen (ADR) - Jean Colombera (Piratepartei)

    D'Kooperatioun tëscht klénge Parteien bei de Chamberwahlen ass ee vun de Sujete an dësem Face-à-face.

  • Martine Eischen

    D'Autonomie vu Mënsche mat enger Behënnerung gëtt zu Lëtzebuerg net genuch gefërdert, seet d'Presidentin vun der Associatioun Trisomie 21.

  • Marc Hansen (DP) - Gary Diderich (déi Lénk)

    Wat kann d'Politik maachen, fir de Bau vu bezuelbare Wunnengen ze fërderen? E Face-à-face am Virfeld vun de Chamberwahlen.

  • Philippe Poirier

    Eng Analys vum Walkampf mam Politolog vun der "Chaire de recherche en études parlementaires" op der Uni Lëtzebuerg.
     

  • Astrid Lulling

    Déi laangjäreg national an europäesch Deputéiert verzielt aus hirer Autobiographie "Mein Leben als Frau in der Politik".

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen