Katalounien/Wahlen: Separatistesch Parteie behale Majoritéit, stäerkste Kraaft gëtt awer déi unionistesch Ciudadanos
UNO: Vollversammlung huet Resolutioun ugeholl, mat där déi amerikanesch Unerkennung vu Jerusalem als israelesch Haaptstad ofgeleent gëtt
Jean Asselborn: Ausseminister bedauert nom UNO Vote, datt et an der EU keng gemeinsam Linn fir d'No-Oste Politik géing ginn, well sechs ost-europäesch EU Länner sech beim Vote enthalen hunn
COPAS: Daachverband vun Hëllefs- a Fleegedéngschter widderhëlt Kritik, datt de Minister Romain Schneider säi Verspriechen net gehalen hätt, fir d'Hausse vun de Paien ze kompenséieren, déi de neie Kollektivvertrag mat sech bréngt
Ryanair: Pilotestreik an Däitschland
Washington: Kongress huet Iwwergangsbudget gestëmmt, fir d'Regierung bis de 19. Januar weider kënnen ze finanzéieren