Um Disque "Piano Works" gouwen dëst Joer dräi Wierker vun der Komponistin Tatsiana Zelianko eng éischte Kéier opgeholl. Um CD fënnt een déi zwee Zyklen "Huit préludes" an "Illusioni". Dertëscht ass d'Stéck "The Frame" placéiert, eng musikalesch Ëmsetzung vun der Frida Kahlo hirem Selbstportrait vun 1938. Agespillt goufen d'Wierker vun der Pianistin Alexandra Matvievskaya.
arrow_back_ios