Sechs Mënsche goufen iwwert de Weekend op eise Stroossen ugestouss. Hënt ass eng weider Persoun un hire Blessure verscheet
Tëscht 5.000 an 10.000 Mënsche kéinten hei am Land eng Hepatite-Infektioun hunn. D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch huet de Mëtteg en nationale Fënnef-Jores-Plang presentéiert, fir géint d'Infektiounskrankheet virzegoen
Vum éischte Februar 2018 un, fonctionnéiert déi éischt Kontrollstatioun vun der däitscher Autopréifgesellschaft DEKRA zu Bartreng
D'COPAS, den Daachverband vun den Hëllefs- a Fleegedéngschter hei am Land, reprochéiert der Regierung, hiert Wuert net ze halen
D'EU-Kommissioun huet wëlles, d'Besteierung vun Ikea an Holland ënnert d'Lupp ze huelen. Et geet ëm zwee Steier-Rulingen, wouvun een och eng IKEA-Entreprise mat Sëtz zu Lëtzebuerg betrëfft
Am Norde vun Olympia, der Haaptstad vu Washington an den USA, ass am fréie Moie lokal Zäit e Passagéierzuch entgleist. Wéi et heescht, géif et och Doudeger a Blesséierter
A Groussbritannien gouf et am Nomëtteg en Tëschefall op engem amerikanesche Militärfluchhafen an der Regioun Suffolk. Do hat en Auto probéiert, d'Entréespart vum Flughafen anzerennen, ee Mann gouf festgeholl.