E Mëttwoch (20.12.2017) ass an der Philharmonie de Rendez-vous fir den traditionelle Chrëschtconcert. Um Programm sinn nieft der "Messe de minuit" vum Marc-Antoine Charpentier lauter Chrëschtlidder, bei deenen de Publikum matsange kann. De Luc Boentges huet mam Dirigent Pierre Cao iwwer dëse Concert geschwat.
arrow_back_ios