arrow_back_ios
Commentaire
Den Etienne Schneider a seng Consecratioun duerch Politico
De Vize-Premier a Wirtschaftsminister däerf sech nees feiere loossen. Politico, een amerikanesche Magasinn, deen zënter e puer Joer an Europa zesumme mam Bildzeitung-Verlag Springer verëffentlecht gëtt a sech un e Krees vun aflossräiche Lieser adresséiert, huet den Etienne Schneider an engem Klassement vun europäesche Perséinlechkeeten ernimmt. De Space-Business puscht heimat en Hoffnungsdréier, vun deem se sech natierlech e Retour sur investissement erwaart, mengt de Michel Delage.