arrow_back_ios
Kultur
Pictures for life am CNA
De Samschdeg, 2. Dezember, invitéiert de Centre national de l'Audiovisuel a sengem Pomhouse zu Diddeleng op de 50. Anniversaire vun der APEMH, der Association des Parents d'Enfants Mentalement Handicapés. Dëst am Kader vum Weltdag vu Mënsche mat Behënnerung. Um Programm sti Concerten, eng Stee vu Fotografien, déi Kënschtler fir d'Occasioun spenden, plus eng Fotoausstellung. D'Kerstin Thalau ass méi iwwert d'Aktioun Pictures for life gewuer ginn.