Hidden Jazz Gems

Pit Dahm Pol Belardi

De Pit Dahm an de Pol Belardi wulle ganz déif an den Jazzarchiven a presentéiere munch ongeschlaffen Diamanten. Vill Museker hunn Opnamen an Diske gemaach, déi am Schied vun hire grousse populären an incontournabele Produktiounen iwwersi goufen. Oder et si Wierker vu Museker, déi aus diverse Grënn nieft hiren Zäitgenossen net déi Unerkennung kritt hunn, déi si eigentlech verdéngt hätten. A ville Fäll sinn dës verstoppte Schätz esouguer méi räichhalteg a raffinéiert wéi déi, déi et schlussendlech an de Palmarès vun de meescht verkaafte Produktioune gepackt hunn.

Phineas Newborn Jr.

Wann ee vu groussen a wichtege Pianisten aus der Jazzgeschicht schwätzt, dann héiert een dacks Art Tatum, Fats Waller, Duke Ellington, Keith Jarrett, Bud Powell, Bill Evans oder Oscar Peterson. Den Numm Phineas Newborn Jr. ass ville Leit net bekannt. Dobäi kéint hien ouni Problem bei deene ganz Grousse matmëschen. A punkto Virtuositéit mécht him och en Oscar Peterson keen A fir en O vir. Ob duerch fulminant Unisono-Passagen tëscht deenen zwou Hänn, en ausgefeilte Be-Bop-Language oder halsbriecheresch Tempi ...dëse Pianist verdéngt et, an engem Otemzuch mat deene virdru Genannten ernimmt ze ginn. Entdeckt mam Pol Belardi a Pit Dahm e puer wichteg a representativ Opname vum Phineas Newborn Jr.

Rezent Emissiounen

  • Paul Desmond

    En Toun um Altsaxofon, deen een ënner 1.000 Saxophonisten erëmkennt. Virun allem bekannt mam Dave Brubeck senger Band, huet hien och selwer eng staark Stëmm.

  • Lee Morgan

    Den Trompettist am Fokus

  • Phineas Newborn Jr.

    Ee leider vill ze wéineg zitéierten Ausnahme-Museker, deen zwar déi meescht opgeschlosse Pianiste kennen, awer de breeden Jazz-Public net.

  • Miles Davis - In a Silent Way

    Dësen Album markéiert d'Transitioun vum Miles sengem zweete grousse Quintett hin zu senger méi elektronescher Phas.

  • Bill Frisell with Dave Holland and Elvin Jones

    E Gittaren-Trio, dee subtil, an déiwer Entente tëscht de Museker den Toun ugëtt an duerch dem Bill Frisell säin onverkennbare Sound ugedriwwe gëtt.

  • Chick Corea - Now he Sings, now he Sobs

    Op dësem Album presentéiert de prominente Pianist eng absolut opreegend Visioun vum Piano-Trio, déi Traditioun a Modernitéit am Joer 1968 beandrockend matenee verbënnt.

  • Herbie Hancock - Sextant

    D'Ambiance vun dëser Plack ass absolut eenzegaarteg a steet de méi bekannten Hancock-Albumen an näischt no.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen