Klassik aktuell
The Age of Anxiety
10 min
E Freideg (24.11.2017) steet de Pianist Krystian Zimerman zesumme mat de Museker vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg an hirem Chefdirigent Gustavo Gimeno op der Bühn vun der Philharmonie. Als Optakt vun enger ganzer Rëtsch Concerte mat Wierker vun amerikanesche Komponisten interpretéiere si dem Leonard Bernstein seng zweet Sinfonie mam Titel "The Age of Anxiety". De Luc Boentges huet mam Matthew Studdert-Kennedy, dem "Head of the Artistic Planning Division", iwwer dëse Concert an d'Thema Amerika vun der Saison 2017/2018 geschwat.