Grousse Kino

Martine Reuter Michel Delage Tom Dockal

Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéiere freides déi nei Filmer. Aviséiert Kritiken, cocasse Zesummenhäng an och déi eng oder aner Anekdot: alles ass dran.

Eng Bomm, eng Palm an e Superheld

Dräimol steet d 'Sélectioun vu Cannes 2017 am Mëttelpunkt vun der Kinosaktualitéit. Nei op der Affiche "The Square" (Ruben Östlund), eng schwedesch Comédie, déi d'gëlle Palme mat heem huele konnt, den "Jupiter's Moon", (Kornel Mundruczko), eng ungaresch Parabel virum Hannergrond vun der Flüchtlingskris an déi däitsch Produktioun "Aus dem Nichts", (Fatih Akin), eng Vengeance Geschicht, déi mam weiblechen Interpretatioun Präis belount gouf.

Den Tom Dockal a Martine Reuter zerplécken déi nei Filmer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen