Klassik aktuell
"Hearing your Voice"
D'Musekstherapie gëtt a ville Länner zwar nach net unerkannt, mä et ass wëssenschaftlech bewisen, dat se am medezineschen a sozialpedagogesche Beräich Villes bewierke kann. Och zu Lëtzebuerg gëtt se a Spideeler, Altersheimer oder bei aneren Institutioune praktizéiert. "Hearing your Voice", dat war de Motto vun den Atelieren a Konferenzen am Kader vum europäeschen Dag vun der Musekstherapie. De Manuel Ribeiro huet sech mat der Cathy Schmartz, Presidentin vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Musekstherapie, ënnerhalen.