arrow_back_ios
Post vum Guy
Räisterrassen am Niwwel (Vu Guilin op Dazhai)
Vu kulinaresche Spezialitéite kritt de Guy Helminger ni genuch an awer muss hie sech u villes gewinnen, well d'Chinesen hunn grad dat gär, wat mir zu Lëtzebuerg éischter ewech loossen. Mam Jian a mam Xin an hirem Bëbee geet et iwwert Dierfer, déi am Fong keng sinn. Dofir fiert de Guy dann op Dazhai an d'Bierger bei d'Yao, engem Minoritéite-Vollek, dat seng Traditioune behalen huet an ënnert anerem Suen als Valisendréier verdéngt.