arrow_back_ios
Post vum Guy
Mam Vëlo duerch Guilin
Schonn iwwert de Wolleken ass eisen Auteur matten a China. A wann dann en ale, raschtege Vëlo mat an d'Spill kënnt, weist Guilin sech trotz Smog als waarm a frëndlech Stad. Heiansdo weess een net, hunn d'Chinese méi Spaass mam Guy oder de Guy méi Spaass mat de Chinesen. Eng Landschaft, wéi am Billerbuch, just dat deem Buch d'Deckele feelen an och e puer Säiten. Mä dat mécht d'Lektür awer net manner gutt. De Guy ass op jiddwer Fall erëm a sengem Element.