arrow_back_ios
Kultur
De Prix de révélation vum CAL fir d'Nina Tomàs
Tëscht dem 3. an dem 5. November ass an de Victor Hugo Halen um Lampertsbierg déi 3. Luxembourg Art Week. Knapps 50 national an international Galerien a Kënschtlergruppen stellen do hir Konscht aus. Doriwwer eraus gëtt et e vaste Konscht-Mediatioun-Programm a Gespréichsronnen, net ze vergiessen de Salon vum Cercle artistique, kuerz CAL, am Tramsschapp. Um Vernissage vum Salon ass de Prix de révélation vum CAL vergi ginn. D'Kerstin Thalau weess u wien.