Fir déi eng bedeit d'Allerhellge-Vakanz raschten an ausspanen. Fir d'Associatioun Nei Stëmmen an déi jonk Sänger, déi si betreit, ass et eng Woch mat intensiver Aarbecht a grousser Freed un der Musek. Zwee Projete stoungen um Menu: Meeschtercoursen an d'Eliminatoire vum internationale Gesangsconcours vun s'Hertogenbosch.
arrow_back_ios