arrow_back_ios
Kultur
2018 - Karl Marx-Joer zu Tréier
2018 ass zu Tréier d'Karl Marx-Joer. De Philosoph, Ekonom, Protagonist vum Aarbechtermouvement a Gesellschaftskritiker Karl Marx ass de fënnefte Mee 1818 zu Tréier gebuer. Hien ass nieft dem Friedrich Engels ee vun de bedeitendsten Theoretiker vum Sozialismus a Kommunismus. A fir un den 200. Anniversaire ze denken, gëtt et nächst Joer zu Tréier vill Programm an e grousst Marx-Monument opgeriicht, un deem geschwënn a China geschafft gëtt. De Jean Claude Majerus mat Hannergrënn.