De Piano gehéiert am Ament zu deene populäersten Instrumenter. Deementspriechend héich ass de Besoin u Pianoen, Fligelen, Reparaturen an der Maintenance. Fir all dëst gëtt et de Klavierbauer, eng Persoun, déi sech mat allem auserneesetzt, wat de Piano betrëfft, ausser, der Interpretatioun. De Luc Boentges war op Tréier bei de Pianosproduzent Marcus Hübner an huet mat him a mam Maik Wirtz iwwert hire Beruff als Klavierbauer geschwat.
arrow_back_ios