arrow_back_ios
Kultur
D'Iwwerreechung vum Batty Weber Präis un de Georges Hausemer
De Batty Weber Präis gëtt all dräi Joer fir d'Liewenswierk vun enger Schrëftstellerin resp. Engem Schrëftsteller verginn. Dëst Joer huet sech d'Jury fir de Georges Hausemer decidéiert, bei deem ee vun engem beandrockende Liewenswierk schwätze kann. Kee Genre ass dem avertéierten Auteur friem an esou wéi villschichteg seng Literatur ass, war och d'Veranstaltung vun der Präisiwwerreechung am Mierscher Literaturhaus. D'Valerija Berdi war bei dëser beandrockender Zeremonie derbäi.