arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Wanterrees fir d'Liewen
Zu Veianen am Schlass ass den 22. Oktober e Concert vum Pianist Marc Bettendorf a vum Bariton Marion Michels. Zesummen interpretéiere si dem Franz Schubert säi Liederzyklus "Die Winterreise". Et ass e Wierk, dat déi zwee Museker quasi zënter si sech kennen, matenee verbënnt. De Luc Boentges huet mam Marc Bettendorf iwwer de Concert an dem Schubert säi Wierk geschwat.