arrow_back_ios
Commentaire
"Anere Journalismus"
Zwee fréier Wort-Journaliste wëllen en Online-Magazin fir onofhängege Journalismus grënnen. Hire Site "reporter.lu" ass zënter dem 16. Oktober disponibel. Dat awer nach ouni journalistesche Contenu. An engem kuerzen Teaser gëtt Hannergrondrecherche versprach, amplaz vu séierer Berichterstattung, dat Ganzt finanzéiert vum Lieser an net duerch Werbung. Ee spannende Projet, deen de Mediepluralismus zu Lëtzebuerg stäerke kéint - deen awer als éischt muss beweisen, datt e sengen héijen Uspréch gerecht ka ginn, mengt d'Pia Oppel.