arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vun Amelie bis Wirsch
De Cojellicos Jang vu Stengefort huet säi leschte Frang fir een Humpen ausginn an ass no engem laangen Owend am Bistro léiwer an de Bing gaangen, wéi heem bei seng uereg Fra. D'Lidd vum Jang ass d'Markenzeechen vun de Cojellicos Jangen, déi mat komesch-satireschen Texter a Lidder aus den 20er Jore grousse Succès hunn. Déi gestane Boy-Group huet elo just en neie Programm lancéiert an hiren "Dammenalphabet" op CD erausbruecht. De Georges Urwald ass beim Guy Engels am Studio.