arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Mäin Dram ass an Erfëllung gaangen"
En Dënschdeg (17.10.2017) ass den éischte Concert vun der Serie ActArt, wou Professere vum Stater Conservatoire d'Geleeënheet kréien, sech op enger Bühn ze presentéieren. Déi éischt Halschecht vum Concert gëtt vun der Klarinettistin Stéphanie Pochet an der Saxophonistin Anaïs Lorentz assuréiert. Zesumme proposéiere si Wierker vu franséische Komponisten aus dem 19. Joerhonnert. De Luc Boentges war bei enger Prouf dobäi an huet mat deenen zwou Musekerinnen iwwert hire Programm geschwat.