Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Ethno-Klassik-Crossover

Ethno-Klassik-Crossover

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Et gëtt esou musikalesch Zesummenaarbechten, do freet ee sech mol fir d'éischt, wann een d'Nimm liest: ob dat da klappe soll? Den irakeschen Oud-Spiller Rahim Alhay huet viru Kuerzem en Album erausginn, "Letters From Irak", ob deem säin orientalescht Traditiouns-Instrument vun engem klassesche Sträicherquartett begleet gëtt - an dat klappt!

Bamako trëfft op New York

An et klappt och beim Sech-Begéine vum Trio Da Kali mam Kronos Quartet, um Album "Ladilikan", deen elo bei World Circuit Records erauskoum. En traditionellen Trio aus dem Südmali op där enger Säit, op der anerer en Ensemble mam Image 'berühmt-berüchtegt': véier amerikanesch Klassiker vun der Ostküst, déi als Quartet zënter 1973 an hiren zäitgenësseschen Interpretatioune scho mat Leit wéi Steve Reich, Alan Ginsberg, Philippe Glass oder Tom Waits zesummegeschafft hunn - alles Nimm, bei deenen een esou e klenge Smile op d'Gesiicht kritt, sech drop Freed, wéi eng Grenzen dann elo erëm iwwerschratt solle ginn, u wéi enge fest am Traditiounsbëtong verankerte Klischeeë geknabbert gëtt.

Mam Album "Ladilikan" erweidert de Kronos Quartet seng apaart Rendez-Vous-Serie - och wann e schonn emol Ähnleches mam Rokia Traoré probéiert huet, 1993 war dat, op zwee Stécker vun der Sängerin hirem Album "Bowmboï". De Mix vu World a Klassik ass dës Kéier manner dramatesch gehalen, wéi bei dëser 90er Erfahrung, en erweist sech als vill méi fléissend a lëfteg. Et ass e Matenee vun zwou Geien, enger Braatsch an engem Cello, déi sech mat Marimba, Balafon a Gesang getraff hunn. Direkt gesot: et ass en harmonescht Matenee vun Eenzelelementer, déi scheinbar ouni Ustrengung zesummefléissen, obwuel si aus verschiddene Famillen a Kulturen kommen. Dat Afrikanescht gëtt kloer den Toun un: mat besonnesch de faszinante Vibratioune vun de Perkussiounsinstrumenter deenen ee sech schwéier entzéie kann, och déi faszinant Stëmm vum Hawa Diabaté, déi Akzenter setzt an der Traditioun vum Griot, der Geschichtenerzielerin ... plus dann d'Gesellschaft vu klassesche Säiten, op deenen net ëmmer dat gespillt gëtt, wat ee sech esou vu Sträicher erwaart ... an alles ergänzt sech, wéi wann dës musikalesch Besetzung dat Natierlechst vun der Welt wier ...

Och mol schrill a schréi

"Ladilikan" vum Kronos Quartet mam Trio Da Kali beweist op en Neits, datt en duerchaus Neies ka kreéieren, ouni seng eegen Identitéit mussen opzeginn ... datt en dës Crossover-Experienz, dës nei Pied déi betruede ginn, net nëmme musikalesch gelonge sinn, mä och mat dozou bäidroen, d'Angscht virum Onbekannten ofzebauen ... déi Angscht, déi dacks hemmt, bremst, Viruerteeler mat opbaut. Villes, fir net ze soen Alles, rullt op dësem Album, dacks a gemittlechem Tempo, dreift an hëlleft sech géigesäiteg weider. Virtuositéit ass op béide Säiten assuréiert a verschmëlzt, leeft zesummen, passt beieneen. En Album, deen awer och regelméisseg um Beemche rëselt ... sympathesch schrill a schréi, just da wann ee sech wollt genësseg an der Fotell zréckleeën. Do sinn et dann d'Leit vum Kronos Quartet, déi aus der Këscht sprangen a Bamako definitiv d'onugepasst New Yorker Avantgarde-Mentalitéit verpassen.

A well mir jo ëmmer Tendenz hunn, Etiketten op Musek ze pechen, géif ech dës net alldeeglech Zesummenaarbecht tëscht den Afrikaner an den Amerikaner an de Rayon Ehnoklassik setzen, Ënnertitel "Aventure mat Innovatiounsgeescht". Oder wéi si am Mali soen: d'Liewen dréit den Numm Verännerung. D'Musek, op d'mannst an dësem Fall, och.

Episoden

“It is like going on a girls trip”

Déi zéng Musekerinne vun tenThing Brass spille fir déi alleréischte Kéier zu Lëtzebuerg am Artikuss zu Zolwer.
headphones

12 min

play_arrow

Op der Bün: "Leuchtfeuer" a "Sarah et Hugo"

"Leuchtfeuer" vun der Nancy Harris an enger Mise en scène vum Fabio Godinho a "Sarah & Hugo" vum Daniel Keene an enger Mise en scène vun der Véronique Fauconnet
headphones

16 min

play_arrow

Nika Schmitt an Ego/Egal

Bilan vun der Nika Schmitt hirer Kënschtlerinneresidenz zu New York
headphones

13 min

play_arrow

Filmkritik: "Riefenstahl"

En Documentaire iwwer d'Nazi-Vergaangenheet vun der däitscher Cineastin Leni Riefenstahl
headphones

8 min

play_arrow

Jonken Duo an der Philharmonie

De Lëtzebuerger Cellist Cyprien Kayser an de franséische Pianist Ilan Zajtmann spillen e Recital an der Philharmonie
headphones

9 min

play_arrow

Lambrini Girls - Who Let the Dogs Out

Eng éischt Plack, déi haart, politesch a relativ witzeg ass.
headphones

6 min

play_arrow

Um Radar - ënner der Woch

Wat fir Museks- a Kulturevenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.
headphones

8 min

play_arrow
IFFR 2025 och online accessibel

IFFR 2025 och online accessibel

Vum 30. Januar bis den 9. Februar 2025 ass deen 53. internationale Filmfestival vu Rotterdam.
headphones

15 min

play_arrow
"De Beethoven ass eise Leuchtturm"

"De Beethoven ass eise Leuchtturm"

Dëse Sonnden, 9. Februar, kann een am Cube 521 zu Maarnech de Ludwig van Beethoven op eng ganz Intim Artaweis kenneléieren.
headphones

14 min

play_arrow
Um Radar - de Weekend

Um Radar - de Weekend

Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir de Weekend net verpasse sollt.
headphones

5 min

play_arrow

Pianostrio mat Flütt a Klarinett

Dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire spillen e Concert an enger manner gewéinlecher Triosbesetzung.
headphones

8 min

play_arrow
Eva L’Hoest - The Mindful Hand

Eva L’Hoest - The Mindful Hand

Een Abléck an déi nei Konschtausstellung am Casino Lëtzebuerg
headphones

6 min

play_arrow
Les exclus du festin

Les exclus du festin

E Stéck iwwer Aarmut an engem räiche Land
headphones

17 min

play_arrow

Zheng Shi - La rivière des Perles

Esou heescht déi lescht BD vum Jean-Yves Delitte.
headphones

6 min

play_arrow

“E Krees, dee sech schléisst”

No iwwer 30 Joer Karriär spillt de Jean-Paul Hansen elo säi leschten Enseignantsconcert am Escher Conservatoire.
headphones

7 min

play_arrow
“The Things We Carry”: eng Interpretatioun vun der Julie Wagener | © Morgane Weidig

“The Things We Carry”: eng Interpretatioun vun der Julie Wagener

Gestaltung vun enger Gesellschaft - fréier an haut
headphones

22 min

play_arrow
“Superhero Pose” virun all Concert

“Superhero Pose” virun all Concert

Déi jonk brittesch Trompettistin Matilda Lloyd mécht aktuell eng Europa-Tournée a spillt de 4. Februar 2025 an der Philharmonie.
headphones

11 min

play_arrow
Eng Tragedie an der Tragedie

Eng Tragedie an der Tragedie

E Gespréich mam David Oelfhoffen, Realisateur vun der Lëtzebuerger Co-Produktioun "Le Quatrième mur"
headphones

15 min

play_arrow
E Melting Pot Album

E Melting Pot Album

De belsch-amerikaneschen Cellist Pierre Fontenelle war scho fir e puer Concerten zu Lëtzebuerg, dorënner och mat der Militärmusek.Elo huet de jonke Museker säin éischte Solo-Album erausbruecht.
headphones

8 min

play_arrow
Antoine Goetschel - En Affekot fir Déieren

Antoine Goetschel - En Affekot fir Déieren

Wéi gesäit d'Zukunft vum Déiereschutzrecht aus?
headphones

11 min

play_arrow