arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Spëtzbouf an en Zauberfluch
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
"L'enfant et les sortilèges" vum Maurice Ravel ass eng Oper iwwert e Kand, esou d'Monique Simon, déi mat der Hélène Bernardy d'Wierk am Stater Conservatoire inzenéiert. Et geet ëm e Spëtzbouf, dee bestrooft a vun engem Zauber verfollegt gëtt. Mä alles geet gutt aus. "L'enfant et les sortilèges" gëtt vu Studenten a Proffen aus dem Stater Conservatoire gesongen a gespillt. De Manuel Ribeiro huet sech mat der Monique Simon an der Emmanuelle Bezien, déi sech ëm déi musikalesch Preparatioun gekëmmert huet, ënnerhalen.