Klassik aktuell
De Glenn Gould a seng Goldberg-Variatiounen
De kanadesche Pianist Glenn Gould, e grousse Museker vum 20. Joerhonnert, gouf virun allem duerch seng originell an ëmstridde Johann Sebastian Bach-Enregistrementer bekannt. An dorënner stieche besonnesch déi zwou Opname vum Bach senge "Goldberg-Variationen" aus de Joren 1955 an 1981 eraus, déi eng weltwäit Renommee hunn. De Schrëftsteller Thomas Bernard huet d'Opnam vun 1955 emol: "Die Schallplatte der Schallplatten" genannt, a si huet sech zu engem vun de bedeitendste klasseschen Enregistrement vun allen Zäiten entwéckelt. De Glenn Gould ass de 4. Oktober 1982, viru 35 Joer, kuerz no sengem 50. Gebuertsdag gestuerwen. Mä duerch seng Goldberg-Variatiounen huet en awer eng éiweg Plaz an der Musekswelt fonnt. Explikatioune vum Jean Claude Majerus.