arrow_back_ios
Klassik aktuell
Symphonesch Blosmusek promouvéieren
Zënter Kuerzem gëtt et en neien Harmonieorchester zu Lëtzebuerg, dee sech e Sonndeg eng éischte Kéier am Stater Conservatoire presentéiert: de Luxembourg Wind Orchestra. De But vun deem neien Ensembel ass et, déi symphonesch Blosmusek zu Lëtzebuerg ze promovéieren. Fir dat z'ënnersträichen, gëtt et e Sonndeg och direkt eng Uropféierung: "Trigger" vum Marco Pütz. Initiateure vun dësem Projet si véier Militärmuseker.