arrow_back_ios
Kultur
Ex(s)ilium or Down the Rabbit Hole
"Ex(s)illum or Down the Rabbit Hole" ass den Titel vun der Dänzerin a Choreographin Sylvia Camarda hiren neiste Solo-Projet, dee muer den Owend am Studio vum Groussen Theater Première huet. An "Ex(s)ilium" verkierpert d'Dänzerin eng Figur, déi aus der Synthèse vu verschiddenen Diktatoren, wéi Hitler, Stalin, Gaddafi, Idi Amin asw .. entstanen ass. Eng Figur, déi an hirer Welt, an hirem Exil lieft, oder vegetéiert. Detailer mam Jean Claude Majerus.