Florian Krumpöck heescht den neien directeur musical vum Orchestre de Chambre du Luxembourg. De Pianist an Dirigent huet sech fir seng éischt Saison zu Lëtzebuerg direkt een ambitiéise Projet virgeholl: d'Opféierung vu sämtleche Symphonië vum Franz Schubert. Wéi de Florian Krumpöck den Orchester weiderentwéckele wëll a wéi d'Saison 2017/2018 ausgesäit, dat gouf een de Mueren (2.10.2017) bei der Presentatioun vum Programm am Kinneksbond gewuer. De Manuel Ribeiro war op der Pressekonferenz an huet Detailer.
arrow_back_ios