arrow_back_ios
Klassik aktuell
John Cage (1912-1992)
Den John Cage ass als Ikon vun der zäitgenëssescher Musek an d'Geschicht agaangen. Tëschent den Extremer vun engem Stéck ouni Noute bis zu engem, dat 639 Joer dauert, fënnt ee lauter ongewéinlech Wierker, déi d'Grenze vun der Musek verréckelt hunn. Firwat war den John Cage kee Komponist wéi all déi aner? A wéi eng skurril Stécker huet hie geschriwwen? De Luc Boentges presentéiert de Komponist vum Mount Oktober.