arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Coryphée
Iwwer 50 Joer war de Jean Guillou Titulaire vun de Grandes Orgues an der Eglise Saint-Eustache zu Paräis. Als Interpret, Komponist an Enseignant huet hie wesentlech dozou bäigedroen, d'Uergel aus dem reng liturgesche Kontext an de Concertsrepertoire ze féieren. En Dënschdeg (3.10.2017) kënnt de Jean Guillou fir e Recital op Diddeleng. Detailer vum Guy Engels.