arrow_back_ios
Commentaire
Schlecht fir de Journalismus zu Lëtzebuerg
De Verwaltungsrot vu Saint-Paul Lëtzebuerg huet de Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort ausgewiesselt, offiziell wéinst Divergenzen iwwer d'Ëmsetze vun der Ligne Editoriale. Déi Nouvelle ass d'lescht Woch gefall. Nëmme véier Joer huet de Projet ugehalen, fir aus dem Wort eng politesch onofhängeg a kredibel Dageszeitung ze maachen. Dee Projet ass elo futti an dat ass net gutt fir d'Zukunft vum Journalismus zu Lëtzebuerg. E Kommentar vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.