Klassik aktuell
Musikalesch Bohème
Acelga - dat ass de spueneschen Numm vun engem Geméis - bei eis als Mangold bekannt. Fir elo do d'Kéier bei d'Musek, bei d'Originne vum Numm vum Acelga-Quintett ze kréien, ass eigentlech relativ einfach. Johanna Mangold, esou heescht d'Flüttistin vum Quintett. Si huet schonn a fréie Jore mat der Cornistin Amanda Kleinbart am Trio gespillt. D'Amanda Kleinbart ass Lëtzebuergerin, hir Mamm huet allerdéngs argentinesch Wuerzelen a Spuenesch ass hir zweet Sprooch. An esou gouf aus Mangold den Acelga-Quintett, deen elo eng nei CD erausbruecht huet.