Kultur
Net ouni mäi Mohr
Wat ass schonn e Pianist, souguer ee weltberühmten, wann him keen zur Säit steet, fir de Piano ze stëmmen, an dee säin Handwierk versteet? Wat fir eng Bedeitung esou ee Piano-Stëmmer huet, weist d'Geschicht vun engem Mann, deen als dee Weltbeschten a senger Branche gëllt: de Chefconcertstechniker Franz Mohr. An Amerika ass hien doheem, mä hie kënnt aus Däitschland. Opgewuess ass hien zu Düren, tëschent Oochen a Köln. Zënter 55 Jore wunnt hie schonn an den USA. Kënschtler wéi de Van Cliburn an de Rudolf Serkin hunn hie geschätzt. Hien huet mam Elton John a mam Keith Jarrett zesumme geschafft. An hie war esou eppes wéi déi gro Eminenz hannert dem Arthur Rubinstein oder dem Wladimir Horowitz. Elo ass de Franz Mohr 90 Joer al ginn. Den Horst Senker hat Geleeënheet, fir mat him iwwert seng Carrière an iwwert déi grouss Maestri ze schwätzen, déi hien zum Deel jorelaang begleet huet.