Kultur
Filmtipp "Barbara"
Zanter 1997 raumt de Mathieu Almaric als Acteur bei de franséische Filmpräisser of. Den internationalen Duerchbroch geléngt him 2005 ënnert der Directioun vum Steven Spielberg am Longmétrage "Munich"; 2008 ass en nieft dem Daniel Craig am 22. James-Bond-Episode "Quantum of Solace" ze gesinn. An awer considéréiert de Mathieu Almaric sech an éischter Linn als Réalisateur. Säi Film iwwert d'Chansonnière Barbara ass dës Woch an eise Kinoen ugelaf. Héiert elo den Tom Dockal, um Micro vum Nathalie Bender, mat Impressiounen zu "Barbara".