Dëse Samschdeg (09.09.2017) ass an der Kierch zu Rued bei Ell de Concert "Portraits de femmes" am Kader vum Festival "Musek am Atertdaul". D'Sopranistin Marie-Agnès Jean an de Pianist Pit Heyart proposéieren eng ganz Rëtsch Lieder an Arien an deenen et em Frae geet. Duerch de Concert féiert e roude Fuedem: deen een denkt a Stereotyppen an dat anert probéiert seng Vue op d'Fraen ze änneren.
arrow_back_ios