Kultur
Charles Baudelaire, literaresch Unerkennung eréischt nom Doud
De Charles-Pierre Baudelaire, meeschtens just Charles Baudelaire genannt, gëllt haut als ee vun de gréisste franséische Lyriker, deen et gouf. De Baudelaire huet mat senger Aarbecht déi europäesch Literatur moderniséiert, war zu Liefzäiten awer kontroverséiert a gouf vu ville Säite ferm kritiséiert. Eréischt no sengem Doud gouf vum Baudelaire als "le vrai Dieu", " le premier Surréaliste" oder och nach "le plus important des poètes" geschwat. Virun 150 Joer, den 31. August 1867 ass de Charles Baudelaire am Alter vun nëmme 46 Joer zu Paräis gestuerwen. E Portrait vum Jean Claude Majerus.