Kultur
Viru 40 Joer stierft de "King of Rock'n'Roll" Elvis Presley
An der Museksgeschicht kann ee vun zwee "Kinge" schwätzen, vum "King of Pop" a vum "King of Rock'n'Roll", deen ee war de Michael Jackson, deen aneren den Elvis Presley. Allenzwee si si schonn dout, de "King of Pop", ass de 25. Juni 2009 am Alter vu 50 Joer gestuerwen , an dem "King of Rock'n'Roll" säin Doud war den 16. August 1977. Dat si scho 40 Joer hier. An nawell lieft de Kult oder de Mythos ronderëm den Elvis weider, an och Muer wäerten nees zéngdausende vu Leit bei säi Graf op Memphis pilgeren. De Jean Claude Majerus erënnert un den Elvis.