Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

Bedouine

Seelen huet e Kënschtlernumm besser bei eng Musekerin gepasst, wéi Bedouine bei d'Azniv Korkejian. An neen: hiren neie Release, dee schlicht an einfach hiren Numm dréit, ass net Album vun der Woch, wëll si aus Aleppo kënnt - mä well en iwwerzeegt. An dofir direkt nach emol déi béid Adjektiver schlicht an einfach, kombinéiert mat lëfteg an awer intensiv, onopgereegt an trotzdeem spannend, roueg an onrouegen Zäiten, e bëssi Hippie, deen op Folk trëfft, akustesch Gittaren, deene d'Begleedung vun dezente Straicher- a Bléiserarrangementer gutt stinn.


De Matthew E. White als Mentor


Resuméiert: schéin ass en, den Album vun där Fra, déi mat armeneschen Elteren fir d'éischt a Syrien an duerno a Saudi-Arabien gelieft huet, duerch eng Green Card an d'States koum, dono x Statiounen, zur Zäit zu L.A. lieft ... an déi do e Mann begéint huet, deen iwweraus wichteg fir hir Karriär gouf: de Matthew E. White. D'Bedouine hat dem Museker aus Virginia eent vun hire Lidder, "One Of These Days" gemailt ... ob dat dann näischt fir deem säi Label "Spacebomb Records" wier. De Matthew E. White huet wuel vill vu sengem eegene Sound am Lidd erkannt, stellt der Bedouine seng Band ronderëm den Trey Pollard zur Dispositioun a bréngt den Debutalbum scho bal logescherweis op sengem Label eraus.


Bedouine meets White deemno - et geet Rieds vu waarme wäissem Soul bei béiden, vun doucen a verdreemte Pop-Ausflich, liichtem Westcoast, et falen Nimm wéi Nick Drake oder Neil Young an Joni Mitchell an hiren Ufanksdeeg. Déi nei Heemecht vum Azniv Korkejian huet och Spure vu Country a Folk hannerlooss ... mä seelen huet eng Net-Amerikanerin all dës Elementer esou "charmant" - de britesche Guardian huet et esou formuléiert - zesummegedroe wéi d'Bedouine, dat doriwwer eraus Hektik, Stress an d'Liewen op der Iwwerhuelspuer aus hirer Musek eliminéiert huet.


D'Bedouine kéiert dat Bannescht, dat wat si erlieft huet, no baussen - hir Odyssee aus Syrien bis a Kalifornien an de Bléck zréck op eng Heemecht, déi si als Kand nach a voller Bléi matkritt huet, sinn ouni Zweiwel fir déi eng an aner Textiddi eng net onbedéngt erwënschten, an dach reell Inspiratioun gewiescht. Si selwer schwätzt vun "challenges for myself".


Nice And Quite


Mat hirem Debutalbum an der Ënnerstëtzung vum Matthew E. White kéint d'Bedouine eng Musekskarriär un d'Rulle kréien, déi villverspriechend kléngt. A si kéint deen Job opginn, dee si zur Zäit ausüübt. Si schafft an engem Tounstudio - sou wäit esou gutt. An engem Tounstudio, wou si d'special Effects an allerhand Gimmicks op den Tounspuere fir Videospiller zesummestellt ... fir déi nach méi hektesch, spektakulär an opgedréint ze gestalten. Kaum ze gleewen, wann een déi zéng Lidder vum Album, alles Eegekompositioune, lauschtert. "Nice and Quite" heescht iwwregens den éischten Titel. Schéin a lues, genee ...


Presentéiert vum Fred Medernach.


Episoden

Marlon Williams - Te Whare Tīwekaweka

Nodeems hien seng Karriär fir d’éischt op Englesch ugefaangen hat, gouf et fir den neiséilännesche Museker ëmmer méi evident, dass hie wéilt a senger Mammesprooch Maori sangen.
headphones

8 min

play_arrow

Japanese Breakfast - For Melancholy Brunettes (& Sad Women)

Japanese Breakfast mellen sech mat hirem véierten Album “For Melancholy Brunettes (& Sad Women) zeréck. Een eklekteschen Disk op deem d’Melancholie als séissen Zockergoss opgedroe gëtt.
headphones

9 min

play_arrow

Courting - Lust for Life, Or: 'How to Thread the Needle and Come Out the Other Side to Tell the Story'

Eng perfekt gebitzte Spaass-Plack
headphones

9 min

play_arrow

Lady Gaga - Mayhem

D'"Mama Monster" geet erëm zeréck an hir Vergaangenheet a bei hir Pop-Wuerzelen, ouni awer eng reng Kopie vun hirem fréiere Personnage ze sinn. En Album, deen an de Medie vill beschwat a gefeiert gëtt, an dat zu Recht.
headphones

11 min

play_arrow

Divorce - Drive to Goldenhammer

E groussaartegen Debutalbum vun dëser brittescher Band, déi Indie Rock mat Folk, Country an experimentellen Aflëss verbënnt.
headphones

9 min

play_arrow

Saya Gray - SAYA

Op hirem zweeten Album “Saya” liwwert déi japanesch-kanadesch Musekerin Saya Gray Art-Pop an d’Péng vun engem gebrachenen Häerz.
headphones

10 min

play_arrow

Tocotronic - Golden Years

Op hirem 14. Album vermëttelen déi däitsch Indie-Rock-Legenden Trouscht an Hoffnung an düsteren Zäiten.
headphones

8 min

play_arrow

Mereba - The Breeze Grew a Fire

Wann Nostalgie op eemol Loscht op d’Zukunft mécht.
headphones

8 min

play_arrow

Sharon Van Etten and The Attachment Theory

No zwee Joerzéngten als Solo-Kënschtlerin presentéiert sech d‘Sharon Van Etten op hirem neien Album "Sharon Van Etten & The Attachment Theory“ mat Band.
headphones

10 min

play_arrow
Eddie Chacon - Lay Low

Eddie Chacon - Lay Low

Mat sengem drëtte Soloalbum “Lay Low” presentéiert den amerikanesche Museker Eddie Chacon e ganz minimalistesche Soul Disk iwwer de Verloscht an d’Hoffnung.
headphones

9 min

play_arrow

FKA Twigs – EUSEXUA

Mat richtegem Numm Tahliah Debrett Barnett, mellt sech déi brittesch Kënschtlerin no enger fënnef Joer Paus zeréck. An dat mat engem Club-Record, an dem d'Grenze vun elektronescher Musek aus getest an och gesprengt ginn.
headphones

13 min

play_arrow

The Weather Station - Humanhood

Eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen
headphones

8 min

play_arrow

Franz Ferdinand - The Human Fear

D'Band ronderëm den Alex Kapranos bitt hei nees de gewinnten Humor a flott Refrainen.
headphones

7 min

play_arrow

MJ Lenderman - Manning Fireworks

Op “Manning Fireworks” presentéiert den MJ Lenderman Indierock mat Country-Afloss an absurde Lyrics tëschent Witz an Trauregkeet. Een Highlight vun 2024
headphones

8 min

play_arrow
White Denim - 12

White Denim - 12

Ee groussaartege Flickenteppech
headphones

11 min

play_arrow
Autumn Sweater - Adult Life

Autumn Sweater - Adult Life

Op “Adult Life” presentéiert déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater poppegen Indierock iwwer d’ErwuessesinN.
headphones

8 min

play_arrow
Homer - Ensatina

Homer - Ensatina

Als Batteur huet den Homer Steinweiss de Retro Soul-Sound vun Adele an Charles Bradley mat gepräägt. Op sengem Debutalbum "Ensatina“ weist hie sech vu senger ganz perséinlecher Säit.
headphones

5 min

play_arrow
Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed

Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed

Gittaren, déi huerelen, smoothe Crooning, batterséiss Pianosballaden an eng gutt Portioun Soul a Funk. Esou presentéiert sech de Lëtzebuerger Kënschtler Jackie Moontan op sengem Debutalbum.
headphones

7 min

play_arrow
Primal Scream - Come Ahead

Primal Scream - Come Ahead

D'Band bréngt no enger Paus vun aacht Joer en neien Album eraus, an dës Kéier si mir am Funk ënnerwee!
headphones

12 min

play_arrow
The Cure – Songs of a Lost World

The Cure – Songs of a Lost World

En Album mat mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.
headphones

13 min

play_arrow