arrow_back_ios
Kultur
Gilda: d'Rita Hayworth deet eng Händsch aus, Ohlala!
Aus "Take Two! Abécédaire des couples et duos au cinéma", deen d'Cinemathéik de Summer proposéiert, sief dës Kéier als Coup de Coeur ee Film Noir erausgepickt. "Gilda", vum Charles Vidor, ass net zulescht dowéinst berühmt, well en d'Mamm vun alle Striptease-Zeenen enthält ... och wann dat eenzegt Kleedungsstéck, dat dobäi ausgedoe gëtt, eng Händsch ass. D'Cléo Thoma mat Hannergrënn.