Concert Euroradio
Alcina vum G. F. Händel
Zënter de belschen Organist a Spezialist fir Al Musek Bernard Foccroulle 2007 d'Leedung vum Museksfestival zu Aix-en-Provence iwwerholl huet, stinn héichkaräteg besat Barockoperen um Spillplang, wéi beispillsweis dem Georg Friedrich Händel säin "Alcina", eng Opféierung vum 4. Juli 2015. Dem Ariost säin Text "Orlando furioso" déngt als Virlag fir d'Oper an dräi Akten. Weider huet den Händel de Livret vun der Oper "L'isola di Alcina" vum Riccardo Broschi benotzt, mä hien ännert e vill, fir en dem Goût vum Londoner Public unzepassen.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro