D'Gesetz iwwert déi méisproocheg Fréiförderung fir Kanner bis véier Joer trëtt den 2. Oktober a Kraaft, d'Chamber huet de Mëtteg gréng Luucht ginn
"déi gréng sinn e fairen a loyale Koalitiounspartner", dat war de Bilan vun der Viviane Loschetter de Mueren zu der Politik vun hirer Fraktioun d'lescht Chamberjoer
D'Bëlleg-Fluchgesellschaft Easyjet flitt vum dem 31. Oktober un dräimol d'Woch op Berlin
Fir eng verbessert Gesamt-Koordinatioun vun der Kontroll vun de Liewensmëttel zu Lëtzebuerg z'assuréieren, sollen déi eenzel Servicer zesummegeluecht ginn
De Verbuet vun engem Vollschleier, sou wéi en an der Belsch applizéiert gëtt, verstéisst net géint d'Recht vun der Privatsphär an net géint d'Reliéis Iwwerzeegungen. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter de Muere geuerteelt
De syreschen Observatoire fir d'Mënscherechter confirméiert, de Chef vun der Terrormiliz Islamesche Staat ass dout.
De Katar an d'USA hunn e gemeinsamen Accord iwwert de Kampf géint de Finanzement vun Terrorismus ënnerschriwwen.