Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Copyright Goma Caritas.

Déi global Flüchtlingssituatioun

D'Mënsche sinn haut esou mobil, wéi nach ni an der Mënschheetsgeschicht. Eng gutt Partie vun dëser Mobilitéit ass fräiwëlleg an onproblematesch. Et ass awer leider esou, datt ëmmer méi Leit gezwonge ginn, aus wat fir enge Grënn och ëmmer, hir Heemecht ze verloossen. Si ginn dofir grouss Risiken an a setzen hiert Liewen op d'Spill. Do, wou si ukommen ass d'Lag dacks schwiereg. Duerch dee groussen Undrang ass den den Empfang alles anescht wéi frëndlech. 

D'Kyra Fischbach iwwert intern Verdriwwener an aner Flüchtlingsmouvementer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen