arrow_back_ios
Kultur
Relancement vum Steichen-Collections-Site
Zënter dräi Joer gëtt zu Lëtzebuerg en Edward-Steichen-Reseau opgebaut: Vertrieder vun nationalen a stater Kulturinstitutiounen, déi Collectioune vum lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf versuergen, respektiv ausstellen, hu sech zesumme gedoen, fir d'Recherche an d'Kommunikatioun ronderëm dat impressionnant Ierwen ze vereinfachen. An dësem Kontext ass virun engem Joer e gemeinsame Site online gaangen. Mëttlerweil ass e weideren - fir de grand public- bäikomm. D'Kerstin Thalau war op der Presentatioun am Kulturministère.