Musek um 12. Stack iwwert der Musel, esou nennt de Klaus Reeh, den Organisateur vun der Serie Klangkunst Klassik 3, d'Manifestatioun, déi dëse Weekend zu Oberbillig, Minden a Tréier iwwert d'Bühn geet. Effektiv läit den Haaptsite vun der Gesellschaft für aktuelle Klangkunst, de Contemporeanum zu Oberbillig, op engem Plateau iwwert der Musel - vis-à-vis vu Waasserbëlleg. De Programm schléit eng Bréck iwwert imaginär musikalesch Grenzen - vun der Wiener Klassik bis an eis Zäit. De Guy Engels war am Contemporeanum zu Oberbillig.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Musek an Natur, Musek an der Natur
